Généalogie et Histoire locale

au Luxembourg

Welcome, Guest
Username: Password: Remember me

TOPIC: Majo traureg!

Majo traureg! 4 years 3 months ago #358

  • voisin.l
  • voisin.l's Avatar
Gudde Moien,
Ech hat 2 Messagen geschriwen. E puer Leit hun och gelies!
Keng Aentwert, kee léiwt Wuert!
Ech gin mir nach Méi op lëtzebuergesch ze schreiwen, wat fir mech nët esou einfach ass!
Traureg, keen huet emol mir "wëllkomm" gewënscht!
Ok ët ass kee forum fir ze babbelen, mee trotzdeem...
Majo wollt dann nach eng Kéier matdeelen fir déi die Interesse hun:
- PIRSCH hun e gudden Deel selwer fond
- SCHMIT vun Diddeleng, Marteleng...
- PERBAL vun Messancy...
Ech gin ganz gaeren fréi wat ech hun!
Léa Voisin
The administrator has disabled public write access.

Majo traureg! 4 years 2 months ago #369

  • jp.weidert
  • jp.weidert's Avatar
  • Offline
  • Administrator
  • Posts: 30
  • Thank you received: 2
  • Karma: 2
Bonjour Léa,

Bienvenue, a Respekt fir Äert proppert Lëtzebuergesch! Ech verstinn datt Dir traureg sidd, well Dir keng Äntwert krut, mee vläicht huet keen sech ugesprach gefillt, well Är Froen net präzis genuch waren. Fir datt Froen eng Chance op eng Äntwert hunn, soll een nieft dem Numm an der Uertschaft och een Datum, oder op d'mannst een Zäitraum uginn an och wat ee sicht (Gebuert, Mariage, …). Ausserdeem soll ee bedenken, datt zu Lëtzebuerg just d'Akte virun 1924 public sinn. Fir all Froen déi sech op den Zäitraum 1924 bis haut bezéien ass d'Chance op eng Äntwert kleng.

Cordialement
Jean-Pierre
The administrator has disabled public write access.
The following user(s) said Thank You: voisin.l
Time to create page: 0.093 seconds

Who is online?

We have 78 guests and no members online